Mir freeën eis iwwert dee ville positive Feedback dee mir nom Lancement vun eisem Projet kritt hunn. Mir hunn awer och konstruktiv Kritik erhalen, a wëllen an deem Sënn nach eng Kéier verstäerkt drop hiweisen dass de Projet sech nach an enger Testphase befënnt (Beta-Phase). Trotz der viller Aarbecht déi mir bis elo schon investéiert hunn ass et net ausgeschloss dass bei de Korrekturvirschléi vum Spellchecker eventuell Wierder ugebuede ginn déi net der gängeger Schreifweis entspriechen. Mir schaffe stänneg un der Verbesserung vum Projet a sinn iwwer all Ënnerstëtzung an all Hiwäis op Feeler dankbar.
D’Team vu Spellchecker.lu

