Op der Download-Säit ginn et elo nei Versioune vun der Software fir d’Eifeler Regel ze verbesseren. Nierft wiesentleche Performanz-Optiméierungen, déi virun allem béi groussen Texter bemierkbar wäerte sinn, ass och d’Gréisst ëm bal d’Halschent reduzéiert ginn.
Beim Plugin ass virun allem d’Installatiounsroutin vereinfacht ginn: ee Klick op de Fichier geet elo duer. De Rescht geet automatesch. Dernieft ass ee Feeler korrigéiert ginn deen ënner bestëmmten Ëmstänn verhënnert huet dass de Plugin korrekt funktionnéiert. Ausserdem kann een de Plugin elo iwwert den Extension Manager vum OpenOffice automatesch updaten.
Bemierkung: D’Technik fir d’Eifeler Regel am Online-Checker ze erkennen ass ëmmer nach net aktualiséiert ginn. D’Uni huet leider bis an de Summer d’Iwwerhand geholl. Bis dohi ginn et leider och keng aner gréisser Neierungen.


0 Äntwerten op “Eifeler Regel: Nei Versiounen”