Duerch de Studium bedingt huet sech d’Experimentéierphas méi laang higezu wéi geplangt. No engem laange Wee a vill Aarbecht mellt de fräie Spellchecker fir déi Lëtzebuergesch Sprooch sech bal op de Mount, zwee Joer méi spéit, mat enger neier Internetsäit, engem méi sympathesche Logo, engem verbesserten Online-Checker an zousätzlech engem Thesaurus (Synonymendictionaire) zeréck.
Well den Online-Checker dee Produit ass deen am meeschte vun eiser villfälteger Offer benotzt ginn ass, hu mir eise Fokus dorop geriicht. Dowéinst stinn an enger éischter Phase nëmmen Online-Versioune vum Spellchecker a vum Thesaurus bereet. Installatiounspäck fir divers Programmer (OpenOffice.org, Thunderbird, Firefox, …) kommen an iwwerschafftene Versioune méi spéit eraus.
D’Highlights vum neien Online-Checker:
- Ee méi intuitiven Interface
- Korrektur op Basis vu bal 500’000 Wierder a Wuertformen
- Verbesserung vun heefege Feeler an der SMS-Sprooch (z.B. “Déia” amplaz “Déier”, “ej” amplaz “ech”, “braujn” amplaz “brauchen”, etc…)
- Verbessert Korrektur vun der Eifeler Regel
- Vereinfacht Feedback-Méiglechkeet
De Projet Thesaurus wor virun zwee Joer, kuerz no der Verëffentlechung vu Spellchecker.lu, als Ënnerprojet gestart ginn. Mëttlerweil ass den Thesaurus salonfäeg a kennt trotz sengem jonken Alter schon 3’500 Synonym-Gruppen. Bei Wierder déi falsch geschriwwe sinn ginn automatesch Korrekturvirschléi ugebueden a bei Wierder déi nach onbekannt sinn gëtt et d’Méiglechkeet eis mat engem Klick Virschléi matzedeelen.
De Projet bleift weiderhin net-kommerziell a gëtt just an eiser Fräizäit weiderentwéckelt.
D’Equip vu Spellchecker.lu
Tom Goedert
Luc Heischbourg
Michel Weimerskirch


Weider sou mat der gudder Arbecht! Flotten a frëndlechen Design! D’Säit ruckelt bei mir just zimlech, wann ech scrollen (Firefox/WinXP).
Dat mat der SMS-Sproch ass eng gudd Iddi. Mir rullen séch all Kéiers d’Zéiweneel op, wann ech “ej” liësen.
Supper Aarbecht Jongen. D’Websäit gesäit echt immens professionell aus. Ech waarden gespaant op den OpenOffice Pack.
Christophe
An den Ubuntu 8.04 ënnerstëtzt dir och schon. Ech si begeeschtert.
Eng tiptop Initiative – wéi steet et mat enger “deadline” fir den OpenOffice? Ech woarde gespaant drop!