Méi effizient schaffen, well Spellchecker.lu denkt mat

Den Online-Checker ass elo méi intelligent! Duerch geschéckt Uwennung vu Usability-Fuerschung, a geziilter Auswertung vu Statistiken, kann den Online-Checker elo méi sënnvoll sortéiert Verbesserungsvirschléi liwweren. Esou ass beispillsweis beim Feeler “hun” net méi d’Wuert “un” op der éischter Plaz, mä d’Wuert “hunn”. Ähnlech Verbesserunge ginn et bei enger ganzer Rei vun aneren heefege Feeler. An dat bescht: de System léiert all Dag automatesch bäi!

Probéier et aus a schreif e Commentaire, well déi nächst Innovatioun kënnt geschwënn! ;-)

2 Äntwerten op “Méi effizient schaffen, well Spellchecker.lu denkt mat”


  • Cool. De Spellchecker gëtt ëmmer besser. Mee en erkennt ëmmer nach e puer Wierder net.

  • E grousse Luef(dat Wuert gëtt net erkannt) fir Iech.

    Ech wollt Iech op e puer Saachen opmierksam maachen déi mer Stänneg opfalen.

    1. “d’” Wann ech een d’ virun ee Wuert setzen, kréien ech et op “d’ _espace_ Wuert” verbessert, ech géif jo awer soen dass dat uneneen geschriwwen sollt ginn.
    2. Verben am Konjunktif(dat Wuert gëtt och net erkannt) kréien een “s” um Schluss, falls ech mech net ieren. Mee domatt huet op alle Fall den Thunderbird an Firefox Plugin souwéi den online-Checker seng Problemer.

Hannerlooss eng Äntwert