Spellchecker.lu Mobile Edition

Nodeems Enn Juli d’Downloads fir déi komplett iwwerschaffte Versioun vum Spellchecker fräigeschalt gi sinn, steet elo déi nächst Innovatioun virun der Dir: Eng Online-Versioun fir 3G-Handyen a Smartphones. Dëst ass en éischte Schrëtt fir d’Spellchecker.lu-Plattform nach méi accessibel ze maachen.

D’Benotzung ass dobäi denkbar einfach: Mam Handy d’Adress m.spellchecker.lu usurfen, säin Text aginn a sech dann duerch d’Korrekturresultater duerchklicken. An engem zweete Schrëtt kann een zousätzlech och nach d’Eifeler Regel korrigéiere loossen.

Handye mat Barcode-Scanner kënnen och ganz einfach de Barcode an der rietser Kolonn vun dëser Säit ascannen fir op d’Mobile Edition zouzegräifen. Méi Informatiounen zu dëser Technologie gëtt et z.B. bei Nokia, bei i-nigma oder bei Kaywa.

Hannerlooss eng Äntwert

Deng E-mail Adress gëtt net publizéiert. Benéidegt Felder si mat * markéiert

*

Du kanns dës HTML Schlësselwierder an Attributer benotzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>