Published on
31. Oktober 2008 in
Divers.
Zënter haut ass deen 225. Member an eisem Facebook-Grupp. Wann s du och op Facebook ageschriwwe bass, an nach net Member am Grupp bass, dann ass elo den idealen Zäitpunkt fir dat nozehuelen.
Du kanns an deem Grupp mat anere Benotzer diskutéieren an dem Projet Spellchecker.lu deng Ënnerstëtzung weisen andeems du dech aschreifs. Ausserdem gëss du am Grupp iwwer wichteg Neierungen informéiert.
Published on
29. Oktober 2008 in
Neies.
Den Online-Checker ass nees aktualiséiert ginn an e puer kleng Problemer si behuewe ginn. Ënnert anerem kënnt elo keng Feelermeldung méi bei Wierder fir déi et keng Korrektuvirschléi ginn.
Published on
27. Oktober 2008 in
Neies.
Déi nei Versioun vun OpenOffice.org ass virun zwou Woche verëffentlecht ginn. OpenOffice.org ass e gratis Software-Pak den aus enger Kombinatioun vun Textveraarbechtung, Tabellekalkulatioun, Presentatiounsmodul, Zeecheprogramm an Datebank besteet. Wichteg Neierungen an der Versioun 3.0 sinn:
- Komplett iwwerschafften Tabellekalkulatioun
- Ënnerstëtzung fir MacOS X
- Verbessert Ënnerstëtzung fir Microsoft Office-Dokumenter
- Nei Schnettstell fir Grammatik-Korrekturen (Däitsch, Englesch a Franséisch Grammatik-Moduler kennen am “Extension Repository” gratis erofgelude ginn.)
De Spellchecker fir Lëtzebuergesch kann op der Download-Säit erofgelude ginn. Et lount sech also op déi nei Versioun vun OpenOffice.org ëmzeklammen.