OpenOffice.org 3.0

Déi nei Versioun vun OpenOffice.org ass virun zwou Woche verëffentlecht ginn. OpenOffice.org ass e gratis Software-Pak den aus enger Kombinatioun vun Textveraarbechtung, Tabellekalkulatioun, Presentatiounsmodul, Zeecheprogramm an Datebank besteet. Wichteg Neierungen an der Versioun 3.0 sinn:

  • Komplett iwwerschafften Tabellekalkulatioun
  • Ënnerstëtzung fir MacOS X
  • Verbessert Ënnerstëtzung fir Microsoft Office-Dokumenter
  • Nei Schnettstell fir Grammatik-Korrekturen (Däitsch, Englesch a Franséisch Grammatik-Moduler kennen am “Extension Repositorygratis erofgelude ginn.)

De Spellchecker fir Lëtzebuergesch kann op der Download-Säit erofgelude ginn. Et lount sech also op déi nei Versioun vun OpenOffice.org ëmzeklammen.

Hannerlooss eng Äntwert

Deng E-mail Adress gëtt net publizéiert. Benéidegt Felder si mat * markéiert

*

Du kanns dës HTML Schlësselwierder an Attributer benotzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>