Monthly Archives: Januar 2009

Nei Funktioun beim Mini-Spellchecker

De Mini-Spellchecker an der rietser Kolonn op Spellchecker.lu ass aktualiséiert ginn. E weist elo un, wou ee weider Informatioune zu dem jeeweilege Wuert fënnt. Bis elo ass déi lëtzebuergesch Wikipedia an den Thesaurus vu Spellchecker.lu integréiert.

Spellchecker.lu fir den iPhone

D’Handy-Versioun vu Spellchecker.lu ass elo optiméiert ginn fir iPhone an iPod Touch. Fir drop zouzegräife kann een um iPhone de “Safari” starten an op d’Adress m.spellchecker.lu navigéieren. Do kann een en Text oder och just e Saz aginn, a sech … Weider liesen

Réckbléck 2008

Elo wou d’Joer 2008 eriwwer ass, gëtt et Zäit fir e klenge Réckbléck. Ganz vill ass dëst Joer ronderëm de Projet geschitt. Den 12. Mee 2008 ass de Spellchecker-Projet nei relancéiert ginn. Bal zwee Joer nodeems de Projet an d’Liewe … Weider liesen