Spellchecker.lu fir den iPhone

D’Handy-Versioun vu Spellchecker.lu ass elo optiméiert ginn fir iPhone an iPod Touch.

Fir drop zouzegräife kann een um iPhone de “Safari” starten an op d’Adress m.spellchecker.lu navigéieren. Do kann een en Text oder och just e Saz aginn, a sech dann duerch d’Korrekturresultater duerchklicken. An engem zweete Schrëtt kann een zousätzlech och nach d’Eifeler Regel korrigéiere loossen.

Et gëtt och eng Méiglechkeet fir Spellchecker.lu op der iPhone-Startsäit ze installéieren. Wéi dat geet ass an der Billerserie ënnert dësem Text beschriwwen.

De Service selwer ass gratis, well en als Internetsäit funktionéiert falen awer déi üblech Daten-Tariffer vum jeeweilege Provider un.

Benotzung vu Spellchecker.lu um iPhone:

Installatioun um iPhone:

Hannerlooss eng Äntwert

Deng E-mail Adress gëtt net publizéiert. Benéidegt Felder si mat * markéiert

*

Du kanns dës HTML Schlësselwierder an Attributer benotzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>