Nei Versioun fir OpenOffice.org

Déi nei Versioun vu Spellchecker.lu fir OpenOffice ka vun elo un op der Download-Säit erofgeluede ginn. Se besteet aus zwee Deeler. Mam éischten Deel, also dem eigentleche Spellchecker ginn Orthographiesfeeler verbessert. Mam zweeten Deel gi weider Feeler verbessert, déi iwwert eng reng Orthographiekorrektur eraus ginn. Virun allem d’Eifeler Regel, mat där och vill Mammesproochler dacks Problemer hunn.

Am Géigesaz zum Plugin fir d’Eifeler Regel dee bis elo op dëser Säit  ze fanne war, gi mat der neier Erweiderung Feeler elo net méi an enger neier Fënster ugewisen, mä scho während dem Tippe quasi „live“ ënnerstrach.

Demo-Video
Op d’Bild klicke fir de Video ze starten. Problemer mam Video? Flash Player installéieren.

1 Äntwert op “Nei Versioun fir OpenOffice.org”


  • Ech sinn absolut begeeschtert vum Spellchecker! Kann jiddwer engem dee Programm un Häerz leeën, well äis Lëtzebuerger Sprooch net einfach ze schreiwen ass!
    Och ech wor verwonnert, wéi vill Feeler ech selwer geschriwwen hunn!
    Mam Spellchecker kann een nëmme bäi leieren ;-)

    Sonja

Hannerlooss eng Äntwert