De Pierre an de Paul Weimerskirch si beim ING Semi-Marathon 2009 offiziell fir Spellchecker.lu gelaf a sinn allen zwee eng exzellent Zäit gelaf. Fotoe vun der Course fënns du op der Facebook-Säit vu Spellchecker.lu.
Méintlechen Archive fir Mee, 2009
Déi nei Versioun vun OpenOffice.org ass dës Woch verëffentlecht ginn. OpenOffice.org ass e gratis Software-Pak den aus enger Kombinatioun vun Textveraarbechtung, Tabellekalkulatioun, Presentatiounsmodul, Zeecheprogramm an Datebank besteet. Nei an der Versioun 3.1 ass eng Autokorrektur-Funktioun fir Lëtzebuergesch. Mat der Autokorrektur gi scho beim Tippen eng ganz Rei Feeler automatesch verbessert, ouni dass ee muss agräifen.
Demo-Video:
Déi gratis Office-Software kann op www.openoffice.org a verschiddene Sproochen erofgelude ginn.
De Spellchecker fir Lëtzebuergesch kann op der Download-Säit vu Spellchecker.lu erofgelude ginn.

