OpenOffice.org 3.1 mat lëtzebuergescher Autokorrektur

Déi nei Versioun vun OpenOffice.org ass dës Woch verëffentlecht ginn. OpenOffice.org ass e gratis Software-Pak den aus enger Kombinatioun vun Textveraarbechtung, Tabellekalkulatioun, Presentatiounsmodul, Zeecheprogramm an Datebank besteet. Nei an der Versioun 3.1 ass eng Autokorrektur-Funktioun fir Lëtzebuergesch. Mat der Autokorrektur gi scho beim Tippen eng ganz Rei Feeler automatesch verbessert, ouni dass ee muss agräifen.

Demo-Video:

Déi gratis Office-Software kann op www.openoffice.org a verschiddene Sproochen erofgelude ginn.
De Spellchecker fir Lëtzebuergesch kann op der Download-Säit vu Spellchecker.lu erofgelude ginn.

Hannerlooss eng Äntwert

Deng E-mail Adress gëtt net publizéiert. Benéidegt Felder si mat * markéiert

*

Du kanns dës HTML Schlësselwierder an Attributer benotzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>