Méintlechen Archive fir Juli, 2009

Opera 10 Beta 2 mat Lëtzebuergeschem Spellchecker

Spellchecker.lu am Opera-BrowserOpera ass nieft Firefox a Safari ee vun deene méi modernen an innovative Web-Browseren. Déi nei Beta-Versioun huet deementspriechend och nees vill interessant Neierungen.

Ganz interessant ass awer och dass Spellchecker.lu elo an den Opera-Browser integréiert ass. Doduerch ginn elo beim Tippen (z.B. op Facebook) Feeler ënnerstrach, an et gi mat engem Klick Korrekturvirschléi ugebueden. (Am Firefox ass dat scho méi laang méiglech; hei muss ee just eng kleng Erweiderung installéieren.)

D’Installatioun am Opera ass ganz einfach: An iergend engem Textfeld mat der rietser Maustast dra klicken, de Spellchecker aktivéieren an da bei “Languages” op “Add languages” klicken a Lëtzebuergesch auswielen. Fir ze testen dierfs du gären e klenge Commentaire op dës Säit oder op der Facebook-Säit hannerloossen. :-)

PS: Opera gëtt et iwwregens och komplett op Lëtzebuergesch. De Patrick iwwersetzt regelméisseg déi nei Opera-Versiounen a stellt d’Iwwersetzunge gratis an den Internet. Déi aktuell “Sproochendatei” kanns du op opera-info.de eroflueden.

Nei Funktioun: Perséinlech Wierderlëscht

Et ass elo méiglech eng perséinlech Wierderlëscht unzeleeën. Domat kann een dem Spellchecker nei Wierder bäibréngen déi dann an den eegenen Texter net méi ënnerstrach ginn. D’Verbesserung bei anere Benotzer gëtt doduerch net beaflosst.

Déi perséinlech Wierderlëschte gi regelméisseg duerchgekuckt fir dem Spellchecker nei Wierder bäizebréngen, esou datt jidderee kann dovu profitéieren.

Fir nei Wierder anzedroen: Umellen an dann am Online-Checker bei onbekannten (awer richteg geschriwwene) Wierder d’Optioun “Add to Dictionary” wielen.

Fir d’Lëscht nozekucken a Wierder ze läschen: Umellen an dann am Online-Checker op de Link “Perséinlech Wierderlëscht geréieren” klicken.

Neien Update

Haut ass en neien Update vum Spellchecker erauskomm: Vill nei Wierder an eng ganz Rei Korrekturen. Ënner anerem ass e Problem mat falsch kodéierte Sonnerzeeche geléist ginn.