Opera 10 Beta 2 mat Lëtzebuergeschem Spellchecker

Spellchecker.lu am Opera-BrowserOpera ass nieft Firefox a Safari ee vun deene méi modernen an innovative Web-Browseren. Déi nei Beta-Versioun huet deementspriechend och nees vill interessant Neierungen.

Ganz interessant ass awer och dass Spellchecker.lu elo an den Opera-Browser integréiert ass. Doduerch ginn elo beim Tippen (z.B. op Facebook) Feeler ënnerstrach, an et gi mat engem Klick Korrekturvirschléi ugebueden. (Am Firefox ass dat scho méi laang méiglech; hei muss ee just eng kleng Erweiderung installéieren.)

D’Installatioun am Opera ass ganz einfach: An iergend engem Textfeld mat der rietser Maustast dra klicken, de Spellchecker aktivéieren an da bei “Languages” op “Add languages” klicken a Lëtzebuergesch auswielen. Fir ze testen dierfs du gären e klenge Commentaire op dës Säit oder op der Facebook-Säit hannerloossen. :-)

PS: Opera gëtt et iwwregens och komplett op Lëtzebuergesch. De Patrick iwwersetzt regelméisseg déi nei Opera-Versiounen a stellt d’Iwwersetzunge gratis an den Internet. Déi aktuell “Sproochendatei” kanns du op opera-info.de eroflueden.

2 Äntwerten op “Opera 10 Beta 2 mat Lëtzebuergeschem Spellchecker”


  • Wousst ech dach, dat d’Warden sech lount!!!! Villmools Merci. Dat selwecht och un den Patrick, dem seng Aarbecht (ir den Opera) ech schon zanter e puer Joër notzen :)

  • Moien,

    Den Firefox kann dat mettlerweil och, et wier genial wann der do och keint eng nei Sprochenversioun erausbréngen, besonneg well imens vill Leit den Programm am Leiwsten benotzen.

    Facebook op letzebuergesch ass natierlech den groussen Dram, an do musse mer kucken endlech eng Sprochdatei ze kreien, vir d’Iwersetzen geif souweisou jidfereen matmaan.

    MfG

Hannerlooss eng Äntwert