Luxogramm-Integratioun am Mini-Spellchecker

Luxogramm am Mini-SpellcheckerDe Mini-Spellchecker (an der Kolonn riets op www.spellchecker.lu) verweist elo bei Verben op déi jeeweileg Säit am Luxogramm. Luxogramm ass e System fir grammatesch Informatiounen iwwert d’Lëtzebuergescht, deen am Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises op der Uni Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Peter Gilles entstanen ass.

Luxogramm-BeispillDuerch dës Verlinkung kann ee sech mat engem eenzege Klick eng iwwersiichtlech Duerstellung vun der kompletter Flexioun vun alle lëtzebuergesche Verben an allen Zäiten ukucken. Ausserdeem gëtt et fir all Verb och eng Däitsch an eng Franséisch Iwwersetzung genee esou wéi och Explikatiounen iwwert Onregelméissegkeeten a Schwieregkeeten, iwwert déi ee gäre fält.

Fir et auszeprobéieren: einfach am Mini-Spellchecker e Verb antippen, et korrigéiere loosse falls et falsch geschriwwen ass, an da bei “Méi Informatiounen iwwert dëst Wuert” op “Luxogramm” klicken.

Hannerlooss eng Äntwert

Deng E-mail Adress gëtt net publizéiert. Benéidegt Felder si mat * markéiert

*

Du kanns dës HTML Schlësselwierder an Attributer benotzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>