Dacks ginn ech gefrot firwat ech et esou wichteg fannen dass lëtzebuergesch Texter orthographesch richteg geschriwwe ginn. Meng Äntwert besteet üblecherweis aus dräi kuerzen awer wichtege Ideeën:
- Texter si méi einfach ze liesen. Wann am Idealfall jiddwereen sech un eis Orthographie hält, kann ee méi einfach anere Leit hir Texter liesen.

- Et ass méi kloer ze verstoe wat gemengt ass, well d’Bedeitung vun de Wierder kloer ass. Zweedäitegkeete gi reduzéiert, an doduerch Mëssverständnisser verhënnert.

- Besonnesch fir Firmen déi hire Schrëftverkéier archivéieren ass et wichteg dass Dokumenter nach kënnen an e puer Joer fonnt ginn. Eng eenheetlech Orthographie garantéiert also eng besser Archivéierbarkeet. Méi akut ass de Problem op Internetsäiten: Wann ee wëll dass d’Benotzer eppes op engem Internetsite erëmfannen, dann huet een duerch eng eenheetlech Orthographie e Virdeel well d’Inhalter esou geschriwwe sinn, wéi dem Benotzer et mat senge Sichbegrëffer erwaart.

Wat ass deng Meenung zu dëser Begrënnung firwat et wichteg ass eng eenheetlech Orthographie ze benotzen? Schreif e Commentaire an diskutéiert mat!
- Michel Weimerskirch
Tweet

4. Eis Sprooch gëtt méi eescht geholl wann eis Orthographie sech duerchgesat huet.
Wann et iergendwann esouwäit ass dass mer Lëtzebuergesch an de Schoule léieren, da weess ech dass Lëtzebuergesch eescht geholl gëtt.
5. wäl sos ké dej vastét
(Well soss keen dech versteet)
Dat gehéiert mengen ech bei de Punkt 1
Fir mech ass eng eenheetlech Orthographie esou wichteg aus deene Grënn déi ënner 1. an 2. erklärt goufen.
Et ass vill méi einfach en Text ze liesen an ze verstoen dee korrekt geschriwwen ass.
Ech muss zouginn dat ech ni un däin 3. Punkt geduecht hätt, ma ech stëmmen deem och voll a ganz zou.
Hei wëll ech vun der Geleeënheet profitéieren fir der Merci ze soen fir déi wäertvoll Aarbecht déi vum spellchecker geleescht gëtt.
Deng Iddie si ganz richteg Argumenter an et gi genuch Beispiller unhand vun deenen ee se illustréiere kinnt. Et brauch ee just lëtzebuergesch Kommentaren um Internet ze liesen oder Bildzeilen op der Tëlee.
Wat d’Léiere vun eiser Mammesprooch an de Schoulen ubelaangt, do muss ech awer bemierken, dass dat wuel scho stattfënnt. Allerdéngs gréisstendeels mëndlech, wat engersäits sécher domat zesummenhänkt, dass déi Enseignanten déi selwer eventuell ni fir d’Orthographie vum Lëtzebuergeschen an hirer eegener Schoulzäit begeeschtert gi sinn, aus deem bësse Lëtzebuergesch-Cours an hirer Formatioun net souvill erauszéie kënnen fir dann hirersäits d’Kanner dofir ze begeeschteren. Anerersäits musse mer awer och eiser Sproochesituatioun Rechnung droen a bedenken, dass et fir vill Kanner (och lëtzebuergescher) en immensen Effort bedeit zwou Friemsprooche schreiwe léieren ze mussen. Dass sech da fir d’éischt mol op d’Erléieren a Festegen vun de Schreifkompetenzen am Däitschen a Franséische konzentréiert gëtt ass deemno duerchaus legitim.
(Dëse Kommentar bezitt sech op den Enseignement fondamental.)