Update vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir LibreOffice

Spellchecker.lu gëtt et jo net nëmmen als Online-Versioun, mä och als Download fir verschidde Programmer. Vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir de  Schreifprogramm LibreOffice gëtt et elo e wichtegen Update: Download

Nieft allgemenge Stabilitéitsverbesserunge gëtt d’Eifeler Regel elo nach besser detektéiert a korrigéiert (mat engem Klick op de Screenshot ginn e puer Beispiller ugewisen).

Well OpenOffice.org net méi weiderentwéckelt gëtt, ënnerstëtzt dës nei Versioun vun der Erweiderung just nach LibreOffice. LibreOffice ass den Nofollger vun OpenOffice.org, e funktionnéiert op déi selwescht Manéier huet awer vill nei Funktiounen a kritt méi regelméisseg Updaten. D’Ëmklammen op LibreOffice huet also nëmme Virdeeler.

Vill Spaass beim Schreiwen!

Michel Weimerskirch
Web Application Developer
http://weimerskirch.lu

Hannerlooss eng Äntwert

Deng E-mail Adress gëtt net publizéiert. Benéidegt Felder si mat * markéiert

*

Du kanns dës HTML Schlësselwierder an Attributer benotzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>