Ech wënschen alle Benotzer vu Spellchecker.lu an alle Frënn vum Projet schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!
Michel Weimerskirch
Lëtzebuergesch Texter online korrigéieren
Ech wënschen alle Benotzer vu Spellchecker.lu an alle Frënn vum Projet schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!
Michel Weimerskirch
Säit haut kann een déi nei Versioun vum Email-Programm Thunderbird eroflueden. Zu den innovativen Neierungen gehéieren: Tabs fir méi Emaile gläichzäiteg duerzestellen, eng performant Sichfunktioun mat “Timeline” an eng nei Archiv-Funktioun. Erofluede kann een déi nei Versioun op getthunderbird.com.
Natierlech kann een och an dës nei Versioun de Spellchecker.lu-Plugin ganz einfach abannen fir feelerfräi Emaile kënnen ze schreiwen. Download an Installatiounshiwäiser op der Download-Säit.
Haut viru genee 4 Joer ass duerch d’Enregistréiere vum Domain-Numm Spellchecker.lu den éischte Grondsteen fir de Projet geluecht ginn. E puer Méint méi spéit, den 22. Abrëll 2006, konnt een déi éischte Kéier Lëtzebuergesch Texter op www.spellchecker.lu verbesseren.
Ech wënschen alle Benotzer vu Spellchecker.lu an alle Frënn vum Projet schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!
Michel Weimerskirch
De leschte Ritter ass den Titel vun enger lëtzebuergescher Comic-Bicherserie aus der Fieder vum Lucien Czuga an dem Bläistëft a Pinsel vum Andy “ND” Genen. D’Bicher erzielen d’Aventure vum Pedro, sengem beschte Kolleg Pixel (engem Galago) an engem komesche Kauz, deen, wéi sech séier wäert erausstellen, keen aneren ass wéi de Jang de Blannen dee sech aus nach ongekläerten Uursaachen an eiser Zäit erëmfënnt.
Mä net nëmmen déi spannend Geschicht sinn e Grond fir sech déi Serie méi genee unzekucken. Och a virun allem déi flott gezeechent Biller sinn Usporn fir d’Bicher méi ewéi eemol duerchzeliesen. A wee weess, vläit huet ee bei der éischter Kéier e klengen Detail iwwersinn iwwert deen ee sech beim zweete Liese ka freeën.
Den éischte Band mam Ënnertitel “De Schatz vun Draachesteen” an den zweete Band “De Schwuer vun den Tempelritter” kënnen an all guddem Bicherbuttek bestallt ginn. Erauskomm sinn se an den “Editions Revue”.
De leschter Ritter ass donieft och op Facebook vertrueden. Am Grupp D’Frënn vum leschte Ritter fënnt een ënnert anerem flott Wallpapere fir säi Computerschierm ze dekoréieren an aktuell Informatiounen iwwert den drëtte Band, deen d’nächst Joer soll erauskommen. A fir déi Leit, déi nach net iwwerzeegt sinn, ginn et an dem Grupp och nach e puer flott Teasere fir sech d’Zong laang zéien ze loossen.
PS: Den ND an de Lucien Czuga sinn de Weekend vum 15. a 16. November och zu Walfer op de Bicherdeeg dobäi.
An de leschte Joeren ass de Begrëff Podcast um Internet omnipräsent ginn. Podcasts si kleng bis mëttelgrouss Radiosendungen déi iwwer Internet kënnen erofgeluede ginn. Besonnesch beléift si Sproochecoursen. De Virdeel ass kloer ze erkennen: D’Coursen déi ugebuede ginn, si gréisstendeels gratis, ëmmer aktuell, an et kann een zu all Moment vun iwwerall op der Welt drop zougräifen.
Och fir Lëtzebuergesch ginn et esou Sprooche-Podcasts. E puer dovunner wëll ech op dëser Plaz ervirhiewen:
D’Offer u Lëtzebuergesche Podcast-Sproochcoursen ass also grouss, a wann s du denge Kollegen déi nach kee Lëtzebuergesch kënnen, schon ëmmer eis Sprooch wollts méi no bréngen, dann ass elo d’Geleeënheet.
Zënter haut ass deen 225. Member an eisem Facebook-Grupp. Wann s du och op Facebook ageschriwwe bass, an nach net Member am Grupp bass, dann ass elo den idealen Zäitpunkt fir dat nozehuelen.
Du kanns an deem Grupp mat anere Benotzer diskutéieren an dem Projet Spellchecker.lu deng Ënnerstëtzung weisen andeems du dech aschreifs. Ausserdem gëss du am Grupp iwwer wichteg Neierungen informéiert.
Fir de Projet Book Search digitaliséiert Google Bicher, fir se dann an hir Sichmaschinn ze integréieren. Bicher, bei deenen de Copyright ofgelaf ass, kënnen dobäi och integral als PDF-Dokumenter erofgeluede ginn. Dacks sinn dat Bicher op déi een anescht guer net oder just schwéier Zougrëff huet.
Ee Buch dat sécherlech interessant ass fir Leit, déi Interessi un der Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch hunn, ass de Lexicon der Luxemburger Umgangsprache, geschriwwe vum J F. Gangler, publizéiert am Joer 1847 an digitaliséiert aus dem Bestand vun der Universitéitsbibliothéik vun Oxford. Vill Spaass beim digitale “bliederen”.