Neie Layout
Fir den Ufank vum neie Joer presentéiert sech Spellchecker.lu mat engem neie Look: méi modern an opgeraumt. Onnéidege Balast gouf eliminéiert an de Fokus op déi wichtegst Elementer gesat.
Fir den Ufank vum neie Joer presentéiert sech Spellchecker.lu mat engem neie Look: méi modern an opgeraumt. Onnéidege Balast gouf eliminéiert an de Fokus op déi wichtegst Elementer gesat.
Spellchecker.lu ass zënter Joeren déi bescht Referenz um Internet fir korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen. Awer Spellchecker.lu ass scho laang net méi nëmmen eng banal Internetsäit fir just Texter ze korrigéieren. An de leschte Joeren a Méint koumen ëmmer erëm nei innovativ Produiten … Weider liesen
Spellchecker.lu gëtt et jo net nëmmen als Online-Versioun, mä och als Download fir verschidde Programmer. Vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir de Schreifprogramm LibreOffice gëtt et elo e wichtegen Update: Download
D’Spellchecker.lu iPhone-App ass do. Gratis! Deen ideale Begleeder fir jiddwereen dee Lëtzebuergesch schreift. Se erméiglecht entweder eenzel Wierder, oder awer ganz Texter ze korrigéieren. Ech géif mech iwwer méiglechst vill positiv Bewäertungen am App-Store freeën =) Detailer: spellchecker.lu/download/iphone/
Nodeems ech schon dacks duerno gefrot gi sinn ass et haut endlech esou wäit: Spellchecker.lu gëtt et elo och fir Mac OS X. D’Orthographiekorrektur gëtt fest an de System integréiert a kann dann a bal all Applikatioun benotzt ginn (Mail, … Weider liesen