Spellchecker.lu » Réckbléck

Réckbléck 2008
Elo wou d’Joer 2008 eriwwer ass, gëtt et Zäit fir e klenge Réckbléck. Ganz vill ass dëst Joer ronderëm de Projet geschitt.

Den 12. Mee 2008 ass de Spellchecker-Projet nei relancéiert ginn. Bal zwee Joer nodeems de Projet an d’Liewe geruff ginn ass, huet en sech mat enger neier Internetsäit, engem méi sympathesche Logo, engem verbesserten Online-Checker an zousätzlech engem Thesaurus (Synonymendictionnaire) zeréckgemellt.

An deenen 234 Deeg vum 12. Mee bis den 31. Dezember sinn insgesamt 1’704’401 Wierder eleng iwwert den Online-Checker korrigéiert ginn. Dat sinn am Duerchschnëtt 7’283,7 Wierder pro Dag. Déi 20 meeschtgeklickte Korrekture waren (der Heefegkeet no): hun -> hunn, sin -> sinn, gin -> ginn,  dei -> déi, as -> ass, daat -> dat, emmer -> ëmmer, gudd -> gutt, mei -> méi, erem -> erëm, nët -> net, machen -> maachen, waat -> wat, nemmen -> nëmmen, iwert -> iwwert, gett -> gëtt, matt -> mat, em -> ëm, sie -> si, des -> dës.

Den 29. Juni sinn d’Download-Versioune fräigeschalt ginn. Bis de Joereswiessel ass d’Versioun fir Firefox a Thunderbird 2’436 an d’OpenOffice-Versioun 2’271 mol erofgeluede ginn.

De Facebook-Grupp, deen de 14. Mee fir d’Benotzer vu Spellchecker.lu gegrënnt ginn ass, huet bis den 31. Dezember 369 Membere gezielt.

Insgesamt ass de Projet 2008 dräimol an der geschriwwener Press ernimmt ginn. No engem Bäitrag am Lëtzebuerger Wort vum 3. Juni op Säit 2 ass d’Zuel vun de Visiteuren kuerzfristeg op bal 900 geklommen. D’Visiteurs-Zuel huet sech mëttlerweil wochendags op ronn 250 bis 300 agependelt. Net agerechent sinn déi Benotzer déi hir Emailen direkt am Thunderbird oder hir Texter direkt am OpenOffice korrigéieren.

Net ze ënnerschätzen ass och d’Aarbecht déi hannert de Kulisse gemeet ginn ass: Vun dem Ament wou e Benotzer e Wuert virschléit dat soll an de Spellchecker agedroe ginn bis bei d’Verëffentlechung vun enger neier Download-Versioun leeft mëttlerweil villes automatesch.

Alles an allem war 2008 also en erfollegräicht Joer. Merci alle Benotzer a Frënn vum Projet. Virun allem deene Leit, déi konstruktive Feedback geleescht, oder Reklamm fir de Spellchecker gemeet hunn, gëllt e spezielle Merci.