Hangman.lu

Hangman.lu fir iPhone
Versioun 1.2
Am App Store fir 0,79€
Download (iwwer iTunes): http://itunes.apple.com/app/id389644852


Mat Hangman.lu kanns Du dat klassescht Pabeier- a Bläistëft-Spill “Hangman” mat Lëtzebuergesche Wierder spillen. Den Interface vun der Applikatioun esou wéi och all d’Wierder, déi ee ka roden, sinn op Lëtzebuergesch.

Zil vum Spill ass et, erauszefanne wéi ee Wuert gesicht gëtt. Ufanks sinn all d’Buschtawen duerch Strécher markéiert. De Spiller kann elo rode wéi eng Buschtawen am Wuert virkommen, andeems en op dee jeeweilege Buschtaf dréckt.

Kënnt dee gewielte Buschtaf vir, gëtt en iwwerall do agesat wou en am gesichte Wuert virkënnt. Wann en net virkënnt gëtt an insgesamt 6 Schrëtter eng kleng Figur un de Galge gehaangen. Wann d’Wuert erroode gëtt éier d’Figur komplett um Galgen hänkt, huet de Spiller gewonnen. Anerefalls huet e verluer.

Fir d’Spill méi interaktiv ze gestalten an de Léiereffekt ze vergréisseren, kënne verschidde Kategorien ausgewielt ginn aus deenen da Wierder presentéiert ginn.

Beim “einfache Modus” ginn d’Vokaler schon am viraus ausgewielt, ouni dass dat Punkte kascht.

Hangman.lu ass vum Michel Weimerskirch entwéckelt ginn, deen och de Projet Spellchecker.lu betreit.

Nei an der Versioun 1.2

  • Feelerkorrektur: De Modus “All d’Lëschten” funktionéiert elo nees.

Nei an der Versioun 1.1

  • Verbessert Stabilitéit
  • Aktualiséiert Wierderlëscht

Screenshots

Hannerlooss eng Äntwert

Deng E-mail Adress gëtt net publizéiert. Benéidegt Felder si mat * markéiert

*

Du kanns dës HTML Schlësselwierder an Attributer benotzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>