Update (31.5.2011): Nei Versioun (fir Leit déi Problemer mat der éischter Versioun haten)
De Lëtzebuergesche Spellchecker fir Mac OS X ënnersträicht während dem Tippe falsch Wierder a bitt Korrekturvischléi un.
Viraussetzung: Apple OS X 10.6 “Snow Leopard”
Aschränkung: D’Eifeler Regel gëtt net korrigéiert (technesch net méiglech)! Dofir muss du weiderhin op den Online-Checker oder op de Plugin fir LibreOffice zeréckgräifen.

Installatiounshiwäiser:
- Den Installatiounsfichier eroflueden a lancéieren, d’Installatiounsprozedur ofschléissen a schon ass déi Lëtzebuergesch Orthographiekorrektur installéiert.
- Oppe Programmer mussen nei gestart ginn, fir déi Lëtzebuergesch Orthographiekorrektur unzeweisen.
- De Programm sicht beim Start vum System an duerno all 6 Stonnen no Updaten vun der Orthographiekorrektur an installéiert se automatesch an ouni Nofro.
- Fir d’Installatioun brauch een Administrator-Accès op d’Maschinn
Deinstallatioun:
Eng Deinstallatiouns-Routine gëtt net matgeliwwert (wee wëll scho sou eppes cooles nees läschen). Fir ze deinstalléieren muss dës Zeil am Terminal ausgefouert ginn:
sudo rm -rf /Library/Spelling/lb_LU.* /Library/Spelling/LICENSE-lb_LU.txt /Applications/Spellchecker.lu /Library/LaunchAgents/spellchecker_lu.plist



