Informatiounen

Allgemenges

Am Computerberäich ass e “Spellchecker” eng Komponent oder e Software-Programm, dee geschriwwe ginn ass fir d’Korrektheet vun eenzelne Wierder an engem Dokument z’iwwerpréiwen – Wikipedia

D’Zil vun dësem Projet ass et, ee Spellchecker fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze entwéckelen, dee mat OpenOffice.org, Firefox, Thunderbird a villen anere Programmen aus dem Open-Source-Beräich funktionnéiert. De Fokus vun dësem Projet läit beim Online-Checker a bei OpenOffice.org. Ënnert dem Punkt “Online-Checker” kanns Du deng Texter iwwert dës Internet-Säit korrigéiere loossen. Mir verbesseren natierlech stänneg d’Qualitéit vum Spellchecker.

Eis Sprooch soll doduerch erëm méi dacks am Alldag ze liese sinn, an se soll doduerch erëm méi opliewen a méi Wäert kréien. D’Wierderlëscht ass fir jidderee fräi zougängeg, a gëtt ënnert der EUPL-Lizenz verëffentlecht.

Virkentnisser

Fir Spellchecker.lu sënnvoll kënnen ze benotzen, ass e Mindestmooss u Kenntnisser an der Orthographie néideg. E Spellchecker ass e Computerprogramm deen d’Orthographie vun engem Wuert oder engem Saz préift an automatiséiert Verbesserungsvirschléi ubitt, ouni awer de Sënn vum engem Saz ze verstoen. De Benotzer muss also selwer kënnen entscheede, wat fir Verbesserungsvirschléi sënnvoll sinn, a wat fir net.

Problemer trieden z.B. bei Homophonen op (Wierder déi d’selwecht kléngen awer ënnerschiddlech geschriwwe ginn, wéi z.B. “dënn”/”den” oder “op/ob”), oder bei Wierder déi duerch en Accent, en Trema oder en zousätzleche Buschtaf d’Bedeitung änneren (z.B. “Déier”/”deier”, “wëll”/well”, “kennen”/”kënnen”, “den”/”deen”, …). Als Benotzer sollt een déi fein Ënnerscheeder kennen, fir dass de verbesserten Text Sënn mécht.

Wéi kann ech Lëtzebuergesch léieren?

Fir unzefänken ass den Artikel Eis Schreifweis an der Lëtzebuergescher Wikipedia ganz interessant.

Weider Links:

Historique

Vill Leit hu Problemer eis Sprooch richteg ze schreiwen, verfaassen Texter léiwer an enger anerer Sprooch, well se déi besser geléiert gi sinn oder well se eng technesch Méiglechkeet hunn, fir se verbesseren ze loossen. Aus genee dësem Grond hu sech Ufank 2006 den Tom Goedert, de Luc Heischbourg an de Michel Weimerskirch (déi deemools allen dräi zu Kaiserslautern studéiert hunn), der Aufgab ugeholl, eng Méiglechkeet ze bidden, Texter déi op Lëtzebuergesch verfaasst gi sinn, dann och um Bildschierm verbesseren ze kënnen.

Säit dem Relaunch (Ufank 2008) gëtt de Projet just nach vum Michel Weimerskirch weiderentwéckelt. Ze erreechen ass hien ënnert michel@spellchecker.lu. Säit Oktober 2009 schafft hien als Freelance Software-Entwéckler. Eng Lëscht vu Servicer déi hien ubitt fënns Du op senger Internetsäit michel.weimerskirch.net.

Michel Weimerskirch, informaticien | Aut. d’établissement: 124387 | RCS: A38457

Comments are closed.