FAQ

Op wéi enger Schreifweis baséiert dat ganz?
Mir baséieren eis op d’Schreifweis déi am Mémorial vum 11.08.1999 festgeluecht ginn ass. Zousätzlech hale mir eis un d’Recommandatiounen déi no 1999 verëffentlecht gi sinn. Ze fanne sinn dës Recommandatiounen beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD)

Wisou gëtt de Spellchecker ënnert der EUPL-Lizenz verëffentlecht?
D’EUPL-Lizenz ass eng sougenannten Open Source Lizenz. Mir wëllen datt eise Projet der Sprooch eppes bréngt. Dofir ass et an eisen Aen dat bescht wann eis Aarbecht jidderengem fräi zougänglech ass. D’Wierderlëscht mat där de Spellchecker schafft kann ënnert de Bedingunge vun där Lizenz zum Beispill fir Fuerschungsprojeten, awer och fir aner Open Source Projete benotzt ginn.

Wat ass Open Source?
Den engleschen Ausdrock “Open Source” oder “Quelltextoppenheet” gëtt meeschtens fir Computer-Software benotzt, a wëll domadden ausdrécken dass fir jiddereen en Abléck an de Quelltext vun dëse Programmer méiglech ass, fir en dann ze veränneren an/oder ënnert enger bestëmmter Lizenz weiderzeginn.

Wat ass OpenOffice.org a wou kréien ech deen hier?
OpenOffice.org ass eng Kombinatioun vu verschiddene fräie Computer-Programmen. Ähnlech wéi bei Microsoft Office gëtt et een Textveraarbechtungsprogramm, eng Tabellekalkulatioun, ee Präsentatiounsprogramm an een Zeecheprogramm. Dës sougenannten Office-Suite ka gratis erofgeluede ginn ënnert der Adresse www.openoffice.org. OpenOffice.org, oder kuerz OOo steet a ville Sproochen zur Verfügung. Fir d’Benotzung vum lëtzebuergesche Spellchecker ass d’Sprooch vum Programm selwer awer egal.

Funktionéiert Spellchecker.lu och op engem Mac?
Den éischten Deel vum Spellchecker fir OpenOffice.org (fir d’Orthographiekorrektur) léisst sech ouni Problem och op engem Mac installéieren op deem och OpenOffice.org leeft. Den zweeten Deel (d’Erweiderung fir d’Eifeler Regel ze korrigéieren) setzt allerdéngs OS X v10.5.7 oder méi nei viraus. Eventuell muss nach dësen Update vun Apple installéiert ginn, well Java SE 6 gebraucht gëtt: Java for Mac OS X 10.5 Update 4

Kënnt och eng Versioun fir Microsoft Office eraus?
Nee, mir schaffen net un enger Versioun fir Microsoft Office. De Spellchecker an eisem Projet baséiert op HunSpell. Well d’Schnëttstelle fir d’Integratioun vun engem Spellchecker a Microsoft Office net fräi zougänglech sinn, ass et fir eis net méiglech eise Spellchecker an dëse Programm ze integréieren.

Firwat erkennt de Spellchecker verschidde Wierder net?
Mir schaffe stänneg un der Qualitéit vum Spellchecker. Well de Projet nach jonk ass, ginn nach net all Wierder erkannt an d’Korrekturvirschléi si leider nach net ëmmer perfekt. Bei zesummegesate Wierder lount et sech awer heiansdo ze kucken ob d’Wierder ausernee geschriwwen erkannt ginn. Falls jo, dann ass déi zesummegesate Form normalerweis och richteg, an du kanns d’Wuert fir eng vun den nächste Versioune vum Spellchecker virschloen.

Wéi kann ech nei Wierder fir de Spellchecker virschloen?
Du kanns iwwert den Online-Checker nei Wierder virschloen. Dofir mëss du am beschten en Account op, a mells dech virun all Korrektur um Site un. Wierder déi de Spellchecker dann net erkennt (déi awer denger Meenung no richteg geschriwwe sinn) kanns du iwwert d’Optioun “Add to dictionary” virschloen. Déi Wierder déi s du virschléis ginn an däi perséinlechen Dictionnaire opgeholl an dann net méi bei dir ënnerstrach.

Aner Ännerungsvirschléi an allgemenge Feedback kanns du per Email un michel@spellchecker.lu schécken.

  • Digg
  • Facebook
  • Google Bookmarks
  • StumbleUpon