Vill Leit hu Problemer eis Sprooch richteg ze schreiwen, verfaassen Texter léiwer an enger anerer Sprooch, well se déi besser geléiert gi sinn oder well se eng technesch Méiglechkeet hunn, fir se verbesseren ze loossen. Aus genee dësem Grond hu sech Ufank 2006 den Tom Goedert, de Luc Heischbourg an de Michel Weimerskirch (déi deemools allen dräi zu Kaiserslautern studéiert hunn), der Aufgab ugeholl, eng Méiglechkeet ze bidden, Texter déi op Lëtzebuergesch verfaasst gi sinn, dann och um Bildschierm verbesseren ze kënnen.
Eis Sprooch soll doduerch erëm méi dacks am Alldag ze liese sinn, an se soll doduerch erëm méi opliewen a méi Wäert kréien. D’Zil vun dësem Projet ass et, een “Spellchecker” fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze entwéckelen, dee mat OpenOffice.org, Mozilla Thunderbird a villen anere Programmer aus dem Open-Source-Beräich funktionéiert. De Fokus läit haaptsächlech beim Online-Checker a bei der Integratioun an den OpenOffice.
D’Wierderlëscht ass fir jidderee fräi zougängeg, a gëtt ënnert der EUPL-Lizenz verëffentlecht.
Säit dem Relaunch (Ufank 2008) gëtt de Projet just nach vum Michel Weimerskirch weiderentwéckelt. Ze erreechen ass hien ënnert michel@spellchecker.lu. Säit Oktober 2009 schafft hien als Freelance Software-Entwéckler. Eng Lëscht vu Servicer déi hien ubitt fënns Du op senger Internetsäit michel.weimerskirch.net.



