Virkenntnisser

Fir Spellchecker.lu sënnvoll kënnen ze benotzen, ass e Mindestmooss u Kenntnisser an der Orthographie néideg.

Firwat ass dat esou?

E Spellchecker ass e Computerprogramm deen d’Orthographie vun engem Wuert oder engem Saz préift an automatiséiert Verbesserungsvirschléi ubitt, ouni awer de Sënn vum engem Saz ze verstoen. De Benotzer muss also selwer kënnen entscheede, wat fir Verbesserungsvirschléi sënnvoll sinn, a wat fir net.

Problemer trieden z.B. bei Homophonen op (Wierder déi d’selwecht kléngen awer ënnerschiddlech geschriwwe ginn, wéi z.B. “dënn”/”den” oder “op/ob”), oder bei Wierder déi duerch en Accent, en Trema oder en zousätzleche Buschtaf d’Bedeitung änneren (z.B. “Déier”/”deier”, “wëll”/well”, “kennen”/”kënnen”, “den”/”deen”, …). Als Benotzer sollt een déi fein Ënnerscheeder kennen, fir dass de verbesserten Text Sënn mécht.

Wéi kann ech Lëtzebuergesch léieren?

Fir unzefänken ass den Artikel Eis Schreifweis an der Lëtzebuergescher Wikipedia ganz interessant.

Weider Links: