D'Zil vun dësem Projet ass d'Entwécklung vun engem Korrekturprogramm fir déi lëtzebuergesch Sprooch. Zur Verfügung stinn: en Online-Checker, verschidden Download-Versiounen, eng Smartphone-App a villes méi.

Aktualitéit

Spellchecker.lu fir OS X

Nodeems ech schon dacks duerno gefrot gi sinn ass et haut endlech esou wäit: Spellchecker.lu gëtt et elo och fir Mac OS X. D’Orthographiekorrektur gëtt fest an de System integréiert a kann dann a  bal all Applikatioun benotzt ginn (Mail, Safari, TextEdit, etc). Méi Informatiounen op der Säit Download -> OS X. D’Eifeler Regel gëtt leider net korrigéiert, dofir muss du weiderhin op den Online-Checker oder op de Plugin fir LibreOffice zeréckgräifen.

Vill Spaass beim Schreiwen!

Michel Weimerskirch
Web Application Developer
http://weimerskirch.lu

LibreOffice 3.3

Haut ass den neien LibreOffice 3.3 erauskomm. LibreOffice ass en indirekten Nofolger vun OpenOffice.org a bréngt eng ganz Rei Verbesserunge mat sech. Esou ginn et ënner anerem vill Korrekture wat d’Benotzbarkeet ubelaangt (z.B. en Tool fir Titelsäiten am Writer ze formatéieren, oder eng méi iwwersiichtlech Fënster fir Dokumenter ze drécken), awer och technesch Neierungen (wéi zum Beispill nei Import-Filteren fir Works- a WordPerfect-Dokumenter awer och fir PDF-Fichieren),

Fir Mac-Benotzer déi säit dem leschten Update vun OS X Problemer mat der Spellchecker.lu-Erweiderung haten lount et sech och op LibreOffice ëmzeklammen, well déi Problemer mat LibreOffice geléist sinn.

No der Installatioun vun LibreOffice kann de Programm OpenOffice.org deinstalléiert ginn. LibreOffice enthält all d’Funktioune vun OpenOffice.org, awer doriwwer eraus nach weider Korrekturen an nei Funktiounen.

Download:

Weider Informatiounen iwwert déi nei Versioun:

Spellchecker.lu gëtt nach méi intelligent

Haut ass et nees esouwäit: E frëschen Update fir Spellchecker.lu. Wéi üblech sinn e puer honnert nei Wierder a Wuertformen bäikomm. Dofir e grousse Merci un all d’Benotzer déi nei Wierder virgeschloen hunn.

Donieft ginn et awer nach zwou weider Verbesserungen déi hei drënner kuerz mat Beispiller beschriwwe sinn:

Nei: Besser Virschléi bei Wierder déi u sech misste grouss geschriwwe ginn:

Nei: Nimm ginn aus de Korrekturvirschléi ausgeblend

Mat dëse Verbesserunge wäert et elo nach méi einfach sinn fir Lëtzebuergesch Texter ze verbesseren. Ech wënschen dowéinst vill Spaass mat der neier Versioun. Freet iech op weider interessant Innovatiounen am Laf vum Joer.

Michel Weimerskirch
Web Application Developer
http://weimerskirch.lu