D'Zil vun dësem Projet ass d'Entwécklung vun engem Korrekturprogramm fir déi lëtzebuergesch Sprooch. Zur Verfügung stinn: en Online-Checker, verschidden Download-Versiounen, eng Smartphone-App a villes méi.

Aktualitéit

Hangman.lu fir iPhone: elo am AppStore

Mat Hangman.lu kanns Du dat klassescht Pabeier- a Bläistëft-Spill “Hangman” mat Lëtzebuergesche Wierder spillen. Den Interface vun der Applikatioun esou wéi och all d’Wierder, déi ee ka roden, sinn op Lëtzebuergesch.

Fir d’Spill méi interaktiv ze gestalten an de Léiereffekt ze vergréisseren, kënne verschidde Kategorien ausgewielt ginn aus deenen da Wierder presentéiert ginn.

Hangman.lu ass vum Michel Weimerskirch entwéckelt ginn, deen och de Projet Spellchecker.lu betreit.

Hangman.lu fir iPhone
Versioun 1.0
Méi Informatiounen: http://hangman.lu
Download: http://itunes.apple.com/app/id389644852

D’Grenze vun enger automatescher Orthographiekorrektur

Spellchecker.lu huet sech mëttlerweil als eng vun den Haaptreferenzen etabléiert, fir Lëtzebuergesch Texter ze korrigéieren a fir d’Schreifweis vun eenzelne Wierder nozesichen. Duerch eng automatiséiert Orthographiekorrektur ass awer och net ëmmer alles automatesch richteg, well d’Software de Sënn vun de Sätz net versteet, mä just Wuert fir Wuert no Feeler sicht. De Benotzer muss also dacks selwer entscheede kënnen, wat fir eng Verbesserungsvirschléi sënnvoll sinn, a wat fir eng net. Weider liesen