D'Zil vun dësem Projet ass d'Entwécklung vun engem Korrekturprogramm fir déi lëtzebuergesch Sprooch. Zur Verfügung stinn: en Online-Checker, verschidden Download-Versiounen, eng Smartphone-App a villes méi.

Aktualitéit

OpenSearch-Funktionalitéit fir Spellchecker.lu

De Pit, en treie Spellchecker.lu-Benotzer, war esou fäin fir mer eng kleng Erweiderung fir de Site ze schécken. Mat der OpenSearch-Funktionalitéit, déi elo an de Site integréiert ass, kann een am Firefox an am Internet Explorer iwwert d’Sichfeld vum Browser direkt bestëmmte Wierder sichen.

Am Browser e Wuert an d’Sichfeld aginn… :

… a scho gëtt d’Resultat op Spellchecker.lu ugewisen:

Eng detailéiert Beschreiwung ass um Pit sengem Blog ze fannen.

Nei Versioun vum Email-Programm Thunderbird

Säit haut kann een déi nei Versioun vum Email-Programm Thunderbird eroflueden. Zu den innovativen Neierungen gehéieren: Tabs fir méi Emaile gläichzäiteg duerzestellen, eng performant Sichfunktioun mat “Timeline” an eng nei Archiv-Funktioun. Erofluede kann een déi nei Versioun op getthunderbird.com.

Natierlech kann een och an dës nei Versioun de Spellchecker.lu-Plugin ganz einfach abannen fir feelerfräi Emaile kënnen ze schreiwen. Download an Installatiounshiwäiser op der Download-Säit.

Klenge Gebuertsdag

Haut viru genee 4 Joer ass duerch d’Enregistréiere vum Domain-Numm Spellchecker.lu den éischte Grondsteen fir de Projet geluecht ginn. E puer Méint méi spéit, den 22. Abrëll 2006, konnt een déi éischte Kéier Lëtzebuergesch Texter op www.spellchecker.lu verbesseren.