Servicer

Banneren

Vun 89€/Woch un (HTVA, bei enger Lafzäit vun 28 Deeg) kënnt Dir e Banner op spellchecker.lu setzen. Äre Banner gëtt op all Säit vum Site ëmmer iwwert dem Contenu ugewisen. Eenzeg Ausnam ass d’Online-Checker-Säit wou de Banner direkt iwwert der Korrekturfënster ugewise gëtt fir eng besser Visibilitéit ze erreechen.

Déi detailléiert Conditiounen an Tariffer kritt Dir op Ufro per Email op pub@spellchecker.lu.

Lafzäit Tarif
7 Deeg 99 € HTVA/Woch
14 Deeg 94 € HTVA/Woch
28 Deeg 89 € HTVA/Woch

Technesch Detailer

  • Gréisst: 468×60 Pixelen
  • Format: JPG, PNG, GIF (mat maximal 5 Frames), Flash-Banneren op Ufro
  • Gréisst vum Fichier: Maximal 40KB

Berodungsservice a Formatioun

De Projet Spellchecker.lu bitt eng grouss Offer u gratis Produiten: Online-Checker, Mini-Spellchecker, Online-Thesaurus, Spellchecker fir LibreOffice, Eifeler Regel fir OpenOffice.org, Autokorrektur fir OpenOffice.org, Versioune fir Mozilla Firefox a Mozilla Thunderbird, Package fir Ubuntu Linux, …

Wann Dir Hëllef dobäi braucht, fir Är Firma déi richteg Kombinatioun vu Produiten ze fannen déi un Är Besoinen ugepasst sinn, kënnt Dir en Devis fir e Berodungsservice ufroen. Zousätzlech gëtt et d’Méiglechkeet, Formatiounen ze buchen, fir den effizienten Ëmgank mat deene verschiddene Produiten ze léieren.

Beispill fir den Inhalt vun enger Formatioun:

  • Plädoyer: Firwat ass eng eenheetlech Orthographie wichteg?
  • Déi rezent Entwéckelungen an eiser Sprooch.
  • De Projet Spellchecker.lu a seng Bestanddeeler.
  • Firwat sinn Orthographie-Korrektur an Eifeler Regel getrennt?
  • Wéi kann ee lëtzebuergesch Texter am gratis Schreifprogramm LibreOffice korrigéieren (Orthographie an Eifeler Regel).
  • Wéi funktionnéiert d’Autokorrektur vu LibreOffice?
  • Wéi funktionnéiert de Synonymen-Dictionaire?
  • Heefeg Schreiffeeler op déi ee kann oppassen.
  • Oppen Diskussioun

Weider Informatioune kritt dir per Email un b2b@spellchecker.lu.

Michel Weimerskirch, informaticien | Aut. d’établissement: 124387 | RCS: A38457

Comments are closed.