Spellchecker.lu Relaunch
Duerch de Studium bedingt huet sech d’Experimentéierphas méi laang higezu wéi geplangt. No engem laange Wee a vill Aarbecht mellt de fräie Spellchecker fir déi Lëtzebuergesch Sprooch sech bal op de Mount, zwee Joer méi spéit, mat enger neier Internetsäit, engem méi sympathesche Logo, engem verbesserten Online-Checker an zousätzlech engem Thesaurus (Synonymendictionaire) zeréck.
Well den Online-Checker dee Produit ass deen am meeschte vun eiser villfälteger Offer benotzt ginn ass, hu mir eise Fokus dorop geriicht. Dowéinst stinn an enger éischter Phase nëmmen Online-Versioune vum Spellchecker a vum Thesaurus bereet. Installatiounspäck fir divers Programmer (OpenOffice.org, Thunderbird, Firefox, …) kommen an iwwerschafftene Versioune méi spéit eraus.
D’Highlights vum neien Online-Checker:
- Ee méi intuitiven Interface
- Korrektur op Basis vu bal 500’000 Wierder a Wuertformen
- Verbesserung vun heefege Feeler an der SMS-Sprooch (z.B. “Déia” amplaz “Déier”, “ej” amplaz “ech”, “braujn” amplaz “brauchen”, etc…)
- Verbessert Korrektur vun der Eifeler Regel
- Vereinfacht Feedback-Méiglechkeet
De Projet Thesaurus wor virun zwee Joer, kuerz no der Verëffentlechung vu Spellchecker.lu, als Ënnerprojet gestart ginn. Mëttlerweil ass den Thesaurus salonfäeg a kennt trotz sengem jonken Alter schon 3’500 Synonym-Gruppen. Bei Wierder déi falsch geschriwwe sinn ginn automatesch Korrekturvirschléi ugebueden a bei Wierder déi nach onbekannt sinn gëtt et d’Méiglechkeet eis mat engem Klick Virschléi matzedeelen.
De Projet bleift weiderhin net-kommerziell a gëtt just an eiser Fräizäit weiderentwéckelt.
D’Equip vu Spellchecker.lu
Tom Goedert
Luc Heischbourg
Michel Weimerskirch
Comments are closed