Lexicon der Luxemburger Umgangsprache

Lexicon der Luxemburger UmgangspracheFir de Projet Book Search digitaliséiert Google Bicher, fir se dann an hir Sichmaschinn ze integréieren. Bicher, bei deenen de Copyright ofgelaf ass, kënnen dobäi och integral als PDF-Dokumenter erofgeluede ginn. Dacks sinn dat Bicher op déi een anescht guer net oder just schwéier Zougrëff huet.

Ee Buch dat sécherlech interessant ass fir Leit, déi Interessi un der Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch hunn, ass de Lexicon der Luxemburger Umgangsprache, geschriwwe vum J F. Gangler, publizéiert am Joer 1847 an digitaliséiert aus dem Bestand vun der Universitéitsbibliothéik vun Oxford. Vill Spaass beim digitale “bliederen”.

Comments are closed