Méi effizient schaffen, well Spellchecker.lu denkt mat

Den Online-Checker ass elo méi intelligent! Duerch geschéckt Uwennung vu Usability-Fuerschung, a geziilter Auswertung vu Statistiken, kann den Online-Checker elo méi sënnvoll sortéiert Verbesserungsvirschléi liwweren. Esou ass beispillsweis beim Feeler “hun” net méi d’Wuert “un” op der éischter Plaz, mä d’Wuert “hunn”. Ähnlech Verbesserunge ginn et bei enger ganzer Rei vun aneren heefege Feeler. An dat bescht: de System léiert all Dag automatesch bäi!

Probéier et aus a schreif e Commentaire, well déi nächst Innovatioun kënnt geschwënn! 😉

Comments are closed