OpenOffice.org 3.0
Déi nei Versioun vun OpenOffice.org ass virun zwou Woche verëffentlecht ginn. OpenOffice.org ass e gratis Software-Pak den aus enger Kombinatioun vun Textveraarbechtung, Tabellekalkulatioun, Presentatiounsmodul, Zeecheprogramm an Datebank besteet. Wichteg Neierungen an der Versioun 3.0 sinn:
- Komplett iwwerschafften Tabellekalkulatioun
- Ënnerstëtzung fir MacOS X
- Verbessert Ënnerstëtzung fir Microsoft Office-Dokumenter
- Nei Schnettstell fir Grammatik-Korrekturen (Däitsch, Englesch a Franséisch Grammatik-Moduler kennen am “Extension Repository” gratis erofgelude ginn.)
De Spellchecker fir Lëtzebuergesch kann op der Download-Säit erofgelude ginn. Et lount sech also op déi nei Versioun vun OpenOffice.org ëmzeklammen.
Comments are closed