Lëtzebuergesch Podcast-Sproochecoursen

An de leschte Joeren ass de Begrëff Podcast um Internet omnipräsent ginn. Podcasts si kleng bis mëttelgrouss Radiosendungen déi iwwer Internet kënnen erofgeluede ginn. Besonnesch beléift si Sproochecoursen. De Virdeel ass kloer ze erkennen: D’Coursen déi ugebuede ginn, si gréisstendeels gratis, ëmmer aktuell, an et kann een zu all Moment vun iwwerall op der Welt drop zougräifen.

Och fir Lëtzebuergesch ginn et esou Sprooche-Podcasts. E puer dovunner wëll ech op dëser Plaz ervirhiewen:

  • Let’z learn bidd Coursen op Englesch a Franséisch un. Eng kloer Diktioun a kompakt Coursen déi interessant si fir Lëtzebuergesch kuerz kennen ze léieren oder fir e Sproochecours virzebereeden oder ze ënnerstëtzen.
  • One Minute Languages: Luxembourgish bidd 10 Lektioune vu jeeweils exakt enger Minutt un. D’Coursë sinn op Englesch a ginn dem Nolauschterer eng Rei praktesch Alldagssäz mat op de Wee.
  • Lëtzebuergesch léiere mat MP3 bidd Coursen un déi komplett op Lëtzebuergesch sinn. Begleet ass dat ganzt duerch eng Brochure an där d’Lektiounen duerch Biller illustréiert sinn.

D’Offer u Lëtzebuergesche Podcast-Sproochcoursen ass also grouss, a wann s du denge Kollegen déi nach kee Lëtzebuergesch kënnen, schon ëmmer eis Sprooch wollts méi no bréngen, dann ass elo d’Geleeënheet.

Comments are closed