Spellchecker.lu Holiday Edition

Ech freeë mech fir haut kënnen déi nei Versioun vum Spellchecker ze presentéieren, déi vun elo un op spellchecker.lu kann erofgeluede ginn. No der Verëffentlechung vun der komplett iwwerschaffter Download-Versioun am Mee a vun der Handy-Versioun am Oktober, ass dat heiten eng weider grouss Ukënnegung déi mäi Bestriewen, fir de Spellchecker ze optimiséieren, ënnersträicht. Merci alle Frënn, Kollegen a Benotzer, déi mech bis elo beim Projet ënnerstëtzt hunn a weider ënnerstëtze wëllen.

Zënter der leschter Versioun ass de Vocabulaire ëm e puer dausend Wierder a Wuertforme vergréissert ginn. Doriwwer ewech sinn eng Rei Feeler korrigéiert a vill kënschtlech zesummegesate Wierder eliminéiert ginn.

Fir an déi richteg Feierdagslaun ze kommen, ass de Spellchecker bei dëser Geleeënheet ausserdeem ëm e grousse Feierdagsvocabulaire erweidert ginn. Wierder ewéi Glühwäin, Dännebam, Lametta, Chrëschtmaart, Schnéi, Chrëschtkëndchen, Sylvesterrakéit, Chrëschtbamkugel a Schnéimännchen ginn elo vum Spellchecker erkannt. Ech wëll domatter alle Frënn vun der Lëtzebuerger Sprooch en Hëllefsmëttel offréieren, fir dass si och hir Feierdagskorrespondenz ouni Stress korrekt op Lëtzebuergesch schreiwe kënnen.

An de leschten Deeg konnt déi nei Versioun schon iwwert den Online-Checker getest ginn. Nei ass awer déi kleng Fënster op der éischter Säit iwwert déi ganz séier eenzel Wierder kënne korrigéiert ginn, ouni dee méi schwéierfällegen Online-Checker ze lueden.

Nieft den Online-Versioune ginn et Downloads fir dës Programmer:

Donieft gëtt et och nach een Installatiounspak fir d’Betribssystem Ubuntu. Fir OpenOffice.org gëtt et ausserdeem nach en Thesaurus (Synonymendictionnaire) an e Plugin fir d’Eifeler Regel ze korrigéieren.

De Spellchecker an den Thesaurus ginn ënnert der EUPL, enger Open-Source-Lizenz, verdeelt. Doduerch kënnen och aner Initiativë vum Projet Spellchecker.lu profitéieren. D’EUPL ass eng Lizenz fir fräi Software, déi vun der Europäescher Kommissioun approuvéiert ginn ass. Se erlaabt, ënnert anerem, explizit d’Kopéieren an d’Modifizéiere vun der lizenséierter Software, ënnert der Bedingung, dass all Modifikatiounen déi selwecht Lizenz behalen. Se existéiert an den 23 offizielle Sprooche vum Europäesche Parlament an ass entgéint anere Lizenzmodeller fir Open-Source-Software méi flexibel well se explizit d’Relizenséierung ënnert bestëmmten aneren Open-Source-Lizenzen erlaabt.

Comments are closed