Spellchecker.lu beim Postlaf

De Pierre Weimerskirch bei senger Arrivée Zum Optakt vun der Stroossesaison am Lafen ass de Pierre Weimerskirch beim Postlaf 2009 offiziell fir Spellchecker.lu gelaf an huet eng exzellent 9. Plaz gemaach. Hien huet déi 10km an enger Zäit vun 33.13” zeréckgeluecht. Gratulatiounen!

2007 wor hien de Postlaf fir d’éischte Kéier matgelaf. Deemols ass hien 61. (36.18”) ginn, 2008 ass e schon op déi 16. Plaz (34.24”) gelaf.  Dëst Joer huet hie seng Leeschtung also nach eng Kéier e gutt Stéck verbessert.

Dës Saison wäerte mer de Pierre am Spellchecker.lu-Trikot nach e puer mol kënne gesinn. Merci fir deng Ënnerstëtzung Pierre a vill Gléck fir deng weider Saison.

Méi Fotoe vun der Course fënns du op der Facebook-Säit vu Spellchecker.lu. Déi detailléiert Resultater stinn op der offizieller Internetsäit vum Postlaf.

Comments are closed