E schéine Bonjour un all d’Télécran-Lieser
Dës Woch ass en Artikel iwwer Spellchecker.lu am Télécran. Dofir allen Télécran-Lieser an neie Benotzer: Wëllkomm op Spellchecker.lu!
Iwwert den Online-Checker kanns du ganz einfach deng Texter verbesseren ouni eppes ze installéieren. Et ginn awer och Download-Versioune fir OpenOffice.org a fir Mozilla Firefox an Thunderbird. An du kanns Spellchecker.lu op engem iPhone oder engem anere Smartphone benotzen.
Wann s du deng Ënnerstëtzung weise wëlls, kanns du dem Spellchecker.lu-Grupp op Facebook bäitrieden, oder aktuell Informatiounen op Twitter verfollegen.
Merci fir däin Intressi u Spellchecker.lu,
Michel Weimerskirch
Comments are closed