Dëse Mount nei op Spellchecker.lu

Aktioun “Op Facebook richteg Lëtzebuergesch schreiwen”

Eng Aktioun vu Spellchecker.lu mam Zil, dat geschriwwent Lëtzebuergesch op Facebook wesentlech ze verbesseren.

D’Approche ass ganz einfach: Mir versiche méiglechst vill Benotzer dovunner ze iwwerzeegen, Firefox mam Spellchecker.lu-Plugin ze installéieren an en dann och op Facebook ze benotzen.

Dat verlaangt natierlech e bësse Mathëllef vun de Benotzer, dofir wëlle mer mat enger spezieller Säit d’Installatiounsprozedur esou einfach ewéi méiglech maachen. Méi Informatiounen

Google-Sich-Optioun beim Mini-Spellchecker

Bei all Korrektur déi een am Mini-Spellchecker mécht gëtt elo eng Optioun ugebueden fir dat korrigéiert Wuert bei Google ze sichen. Nodeems eis opgefall war dass vill Benotzer net sécher sinn ob e Korrekturvirschlag sënnvoll ass oder net, gëtt et säit leschtem Joer scho bei verschiddene Wierder d’Méiglechkeet Informatiounen op Wikipedia oder beim Luxogramm nozesichen.

Nei ass elo eng direkt Optioun fir dat korrigéiert Wuert mat engem Klick op Google ze sichen. Dat ass beispillsweis dann interessant wann ee Korrekturvirschlag kéint mat engem Persounen- oder Markennumm verwiesselt ginn; eng kuerz Internetsich kéint do Gewëssheet verschafen.

Optiméiert Duerstellung vu Spellchecker.lu op iPhone

Wann ee mat engem iPhone op www.spellchecker.lu surft muss een elo net méi zoomen an hin-an-hir scrollen. De Site ass elo fir déi kleng Schiermer optiméiert.

Artikele ginn iwwersiichtlech op der éischter Säit ugewisen. Mat engem Klick op de Feil uewen um Schierm gëtt eng Lëscht vun den anere Säiten um Site ugewisen.

Eyaflalala…wat gelift? Spellchecker.lu weess et!

Nieft deenen üblechen neie Wierder déi all Mount agedroe ginn, kennt Spellchecker.lu kennt elo den Numm vun dem Vulkan deen eis an de leschten Deeg esou grouss Suerge gemaach huet. Ausserdeem ginn elo Wierder ewéi “Äschewollek” korrigéiert. Merci alle Benotzer déi nei Wierder virgeschloen hunn!

Comments are closed