Firwat ass eng eenheetlech Orthographie wichteg?

Dacks ginn ech gefrot firwat ech et esou wichteg fannen dass lëtzebuergesch Texter  orthographesch richteg geschriwwe ginn. Meng Äntwert besteet üblecherweis aus dräi kuerzen awer wichtege Ideeën:

  1. Texter si méi einfach ze liesen. Wann am Idealfall jiddwereen sech un eis Orthographie hält, kann ee méi einfach anere Leit hir Texter liesen.
  2. Et ass méi kloer ze verstoe wat gemengt ass, well d’Bedeitung vun de Wierder kloer ass. Zweedäitegkeete gi reduzéiert, an doduerch Mëssverständnisser verhënnert.
  3. Besonnesch fir Firmen déi hire Schrëftverkéier archivéieren ass et wichteg dass Dokumenter nach kënnen an e puer Joer fonnt ginn. Eng eenheetlech Orthographie garantéiert also eng besser Archivéierbarkeet. Méi akut ass de Problem op Internetsäiten: Wann ee wëll dass d’Benotzer eppes op engem Internetsite erëmfannen, dann huet een duerch eng eenheetlech Orthographie e Virdeel well d’Inhalter esou geschriwwe sinn, wéi dem Benotzer et mat senge Sichbegrëffer erwaart.

Wat ass deng Meenung zu dëser Begrënnung firwat et wichteg ass eng eenheetlech Orthographie ze benotzen? Schreif e Commentaire an diskutéiert mat!

– Michel Weimerskirch

Comments are closed