D’Grenze vun enger automatescher Orthographiekorrektur
Spellchecker.lu huet sech mëttlerweil als eng vun den Haaptreferenzen etabléiert, fir Lëtzebuergesch Texter ze korrigéieren a fir d’Schreifweis vun eenzelne Wierder nozesichen. Duerch eng automatiséiert Orthographiekorrektur ass awer och net ëmmer alles automatesch richteg, well d’Software de Sënn vun de Sätz net versteet, mä just Wuert fir Wuert no Feeler sicht. De Benotzer muss also dacks selwer entscheede kënnen, wat fir eng Verbesserungsvirschléi sënnvoll sinn, a wat fir eng net.
Problemer triede virun allem bei Homophonen op (Wierder déi d’selwecht kléngen awer ënnerschiddlech geschriwwe ginn). Beispiller:
- Falsch: Däi Brudder dënn Abbes ass den.
Richteg: Däi Brudder den Abbes ass dënn. - Falsch: Ech weess nach net op ech ob d’Karussell ginn.
Richteg: Ech weess nach net ob ech op d’Karussell ginn.
Oder bei Wierder déi duerch en Accent, en Trema oder en zousätzleche Buschtaf d’Bedeitung änneren:
- Falsch: Sech en Deier uschafe ka richteg déier ginn.
Richteg: Sech en Déier uschafe ka richteg deier ginn. - Falsch: Ech well heem wëll ech midd sinn.
Richteg: Ech wëll heem well ech midd sinn. - Falsch: Ech kënnen eng Rei Leit déi kennen d’Ae verdréinen.
Richteg: Ech kennen eng Rei Leit déi kënnen d’Ae verdréinen - Falsch: Bréng mer deen Eemer den dohanne steet.
Richteg: Bréng mer den Eemer deen dohanne steet.
E Spellchecker, egal fir wéi eng Sprooch, fënnt bei esou Sätz keng Problemer, well se – Wuert fir Wuert gekuckt – richteg sinn. Als Benotzer sollt een also déi fein Ënnerscheeder kennen, fir dass de verbesserten Text Sënn mécht.
Comments are closed