Spellchecker.lu fir OS X
Nodeems ech schon dacks duerno gefrot gi sinn ass et haut endlech esou wäit: Spellchecker.lu gëtt et elo och fir Mac OS X. D’Orthographiekorrektur gëtt fest an de System integréiert a kann dann a bal all Applikatioun benotzt ginn (Mail, Safari, TextEdit, etc). Méi Informatiounen op der Säit Download -> OS X. D’Eifeler Regel gëtt leider net korrigéiert, dofir muss du weiderhin op den Online-Checker oder op de Plugin fir LibreOffice zeréckgräifen.
Vill Spaass beim Schreiwen!
Michel Weimerskirch
Web Application Developer
http://weimerskirch.lu
Comments are closed