Spellchecker.lu-App elo fir all modern Smartphones (iPhone, Android an anerer)

Spellchecker.lu ass zënter Joeren déi bescht Referenz um Internet fir korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen. Awer Spellchecker.lu ass scho laang net méi nëmmen eng banal Internetsäit fir just Texter ze korrigéieren. An de leschte Joeren a Méint koumen ëmmer erëm nei innovativ Produiten op de Marché. Nodeems am Mee d’iPhone-App vu Spellchecker.lu verëffentlecht ginn ass, gëtt dës Initiativ elo weidergefouert.

Vun haut u gëtt et dofir nieft der App fir iPhone/iPod/iPad och eng App fir Android. A well et nieft iPhone an Android och nach aner Geräter ginn, gëtt et vun haut un och nach eng generesch Web-App fir modern Smartphones. Dës Web-App funktionéiert mat Symbian, Blackberry, Windows Phone an anere moderne Smartphones*.

iPhone/iPod/iPad

Android

Symbian, Blackberry, Windows Phone an aner modern Smartphones

  • Einfach op http://m.spellchecker.lu surfen. D’App kann direkt iwwert de Browser benotzt ginn.
  • * Eventuell virdrun Opera Mobile eroflueden wann den integréierte Browser net performant genuch ass. Dat ass besonnesch bei Symbian de Fall.

Vill Spaass
Michel Weimerskirch
Web Application Developer
http://weimerskirch.lu

Comments are closed