Update vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir LibreOffice
Spellchecker.lu gëtt et jo net nëmmen als Online-Versioun, mä och als Download fir verschidde Programmer. Vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir de Schreifprogramm LibreOffice gëtt et elo e wichtegen Update: Download
Nieft allgemenge Stabilitéitsverbesserunge gëtt d’Eifeler Regel elo nach besser detektéiert a korrigéiert (mat engem Klick op de Screenshot ginn e puer Beispiller ugewisen).
Well OpenOffice.org net méi weiderentwéckelt gëtt, ënnerstëtzt dës nei Versioun vun der Erweiderung just nach LibreOffice. LibreOffice ass den Nofollger vun OpenOffice.org, e funktionnéiert op déi selwescht Manéier huet awer vill nei Funktiounen a kritt méi regelméisseg Updaten. D’Ëmklammen op LibreOffice huet also nëmme Virdeeler.
Vill Spaass beim Schreiwen!
Michel Weimerskirch
Web Application Developer
http://weimerskirch.lu
Comments are closed