Update vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir LibreOffice

Spellchecker.lu gëtt et jo net nëmmen als Online-Versioun, mä och als Download fir verschidde Programmer. Vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir de  Schreifprogramm LibreOffice gëtt et elo e wichtegen Update: Download Nieft allgemenge Stabilitéitsverbesserunge gëtt d’Eifeler Regel elo nach besser detektéiert a korrigéiert (mat engem Klick op de Screenshot ginn e puer Beispiller ugewisen). Well OpenOffice.org net méi weiderentwéckelt gëtt, ënnerstëtzt dës nei Versioun vun der Erweiderung just nach LibreOffice. LibreOffice ass den Nofollger vun OpenOffice.org, … Continue reading Update vun der Spellchecker.lu-Erweiderung fir LibreOffice