Geschwënn: Integréiert Korrektur fir Android 4 [Update]
Wéi scho virun e puer Deeg mat engem “Teaser” op der Facebook-Säit ugekënnegt, schaffen ech un enger neier App fir Android, mat där een an all App eng Lëtzebuergesch Korrektur gebuede kritt (SMSen, EMailen, Facebook, … iwwerall!).
Well den Interessi grouss ass, wëll ech op dëser Plaz e puer vun den heefegste Froe beäntweren.
- D’App wäert just mat Android 4.0 (oder méi nei) funktionéieren. Déi méi al Versiounen hu leider net déi néideg Schnëttstellen.
- D’App wäert net mat iOS funktionéieren. Op dëser Plattform ginn et och an der aktuellster Versioun keng Schnëttstellen, mat deenen een en zousätzleche Spellchecker kéint integréieren.
- Et ass keen “T9” an och keng Autokorrektur, och hei ginn et keng Schnëttstellen.
- D’App leeft schon immens stabil. D’Beta-Tester am klenge Krees fänken nächst Woch un.
- Fir d’Verëffentlechung peilen ech Mëtt Hierscht un.
- D’App wäert separat zu där klassescher am Store kënnen erofgeluede ginn.
- Déi nei App brauch keen Internet-Accès an och soss keng Zougrëffrechter.
Den Numm vun der App steet nach net fest. Virschléi si wëllkomm.- D’App wäert gratis sinn!
- Ufroe fir Sponsor ze ginn, si Wëllkomm: michel@weimerskirch.net =)
Update (27. September)
- Den Numm fir déi nei Android-App steet elo fest: “Spellchecker.lu Live”
- Net sécher wéi eng Versioun däi Smartphone huet? Hei testen: http://live.spellchecker.lu/
Comments are closed