Nei: “Spellchecker.lu Live”-App fir Android

Dës Woch gouf déi nei “Spellchecker.lu Live-App” presentéiert, déi iwwert déi lescht Méint entwéckelt gouf. D’App bitt eng simultan Orthographiekorrektur fir Geräter déi mat Android 4.0 lafen. No der Aktivéierung integréiert sech de Service a sämtlech Textfelder vun all App: Egal ob SMS, Email, Facebook, Twitter, oder a soss enger App – iwwerall kann ee seng Lëtzebuergesch Texter verbessere loossen.

D’Eifeler Reegel (déi beseet dass e Wuert den “n” um Schluss ka verléiere wann en net ausgeschwat gëtt) korrigéiert déi nei App nach net. Déi Funktioun soll awer nogerüst ginn, esoubal déi technesch Méiglechkeeten op der Android-Plattform existéieren.

Spellchecker.lu ass e beléiften Online-Service fir Lëtzebuergesch Texter ze korrigéieren. Nieft enger Online-Versioun ginn et esouwuel Versioune fir erofzelueden, wéi och Apps fir iPhone, iPad an Android-Apparaten.

Déi nei App ka vun elo u gratis aus dem Google Play Store erofgeluede ginn. Se brauch keen Internet-Accès an och soss keng Zougrëffsrechter. Wee wëll, kann de Projet Spellchecker.lu mat engem fräiwëllege Bäitrag ënnerstëtzen.

Leider leeft déi nei App op verschiddenen Apparate vum Hiersteller Samsung net, well deen d’Orthographiekorrektur-Funktioun aus senger Android-Versioun erausgeholl huet. Eng Lëscht mat kompatibelen Apparaten a weider Informatiounen zur App sinn op www.spellchecker.lu/live ze fannen.

Fir Apparaten déi net mat der neier “Spellchecker.lu Live”-App kompatibel sinn, gëtt et nach déi al “Spellchecker.lu”-App, bei där een awer den Text an d’App kopéieren an duerno nees zréckkopéiere muss. iPhone- an iPad-Benotzer mussen och weider déi “al” App benotzen, well et nach keng Schnëttstelle ginn, fir eng eege simultan Korrektur op dëser Plattform anzebauen.

De Projet Spellchecker.lu ass mat iwwer 1’200 Online-Benotzer pro Dag, 3’300 Fans op Facebook an dausenden Downloads vu groussem Erfolleg geprägt. Regelméisseg ginn nei Produiten entwéckelt an déi existéierend verbessert an erweidert. Spellchecker.lu ass e Projet vum Michel Weimerskirch, deen als selbstännege Web-Entwéckler schafft.

Communiqué Spellchecker.lu Live-App (.docx, Lëtzebuergesch, Deutsch, Français)

Comments are closed