Neien Design

Spellchecker.lu begleet vill Mënschen déi Lëtzebuergesch schreiwen am Alldag. Pro Dag besiche ronn 1’300 Leit d’Internetsäit a korrigéiere méi ewéi 80’000 Wierder. Säit haut weist sech d’Internetsäit an engem mei modernen an iwwersiichtleche Layout.

Déi nei Homepage passt sech elo och automatesch u mobil Geräter wéi Smartphones an Tablets un. Benotzer hunn doduerch e besseren Zougrëff op déi verschidden Déngschtleeschtungen vu Spellchecker.lu. Dozou kënnt dass d’Startsäit opgeraumt ginn ass, de Fokus läit elo méi op Informatiounen iwwert de Projet a seng verschidde Produiten.

Deen opgefrëschten Design gouf mat der Ënnerstëtzung vu Lightbulb, der neier Firma vum Projetsgrënner Michel Weimerskirch, ëmgesat. An de kommende Woche gi verschidden Erklärfilmer produzéiert, déi op eng einfach Manéier d’Funktioune vun deenen ënnerschiddleche Produite weise wäerten.

Comments are closed