Pressecommuniqué: Nei App
Deutsche Version: siehe unten
Version française: voir en bas
Éischt lëtzebuergesch Autokorrektur-App fir Android-Apparaten
Déi nei App vum Michel Weimerskirch (Entwéckler vu Spellchecker.lu), erliichtert e séiert a korrekt Schreiwe vu lëtzebuergeschen Texter an allen Android-Applikatiounen. Ob beim Schreiwe vun SMS-Noriichten oder beim Chatten op Facebook, den Text gëtt scho beim Tippen automatesch korrigéiert. Typesch Feeler (z.B. sin -> sinn) oder Tippfeeler (z.B. hakko -> hallo), sinn domat eng Saach vun der Vergaangenheet.
Fir déi lëtzebuergesch Autokorrektur ze benotzen, muss fir d’éischt déi beléiften “AnySoftKeyboard”-App erofgeluede ginn. All d’Linken, zesumme mat enger klenger Uleedung fir d’Installatioun a Konfiguratioun vun der App fannt Dir op der Internetsäit https://spellchecker.lu/autokorrektur-app/.
Iwwer Spellchecker.lu
Spellchecker.lu begleet vill Mënschen, déi am Alldag Lëtzebuergesch schreiwen. All Dag besichen ongevéier 1’600 Benotzer dës Internetsäit a korrigéieren domadder méi ewéi 90’000 Wierder. Nieft der Méiglechkeet Texter online ze verbesseren gëtt et och verschidden Applikatioune fir erofzelueden, genee esou wéi Apps fir iOS an Android.——————-
Erste luxemburgische Autokorrektur-App für Android-Geräte
Die neue App von Michel Weimerskirch (Spellchecker.lu-Entwickler), erleichtert ein schnelles und korrektes Schreiben luxemburgischer Texte in allen Android-Anwendungen. Ob beim SMS-Schreiben oder beim Chatten auf Facebook, der Text wird bereits beim Tippen automatisch korrigiert. Typische Fehler (z.B. sin -> sinn) oder Tippfehler (z.B. hakko → hallo) gehören nun der Vergangenheit an.
Um die luxemburgische Autokorrektur anzuwenden, muss zuerst die beliebte “AnySoftKeyboard”-App heruntergeladen werden. Alle Links, sowie eine Anleitung zur Installation und Konfiguration der App finden Sie auf der Internetseite https://spellchecker.lu/autokorrektur-app/.
Über Spellchecker.lu
Spellchecker.lu begleitet viele Menschen, die im Alltag Luxemburgisch schreiben. Täglich besuchen etwa 1’600 Nutzer diese Internetseite und korrigieren damit mehr als 90’000 Wörter. Neben der Möglichkeit Texte online zu verbessern, gibt es auch verschiedene Anwendungen zum Herunterladen sowie Apps für iOS und Android.——————-
Première application d’auto-correction luxembourgeoise pour les appareils Android
La nouvelle application de Michel Weimerskirch (développeur de Spellchecker.lu), facilite l’écriture rapide et correcte des textes luxembourgeois dans toutes les applications Android. Que ce soit en écrivant des SMS ou en discutant sur Facebook, le texte est corrigé automatiquement lors de la saisie. Les fautes classiques (p. ex. sin → sinn) ou les fautes de frappe (p. ex. hakko → hallo) appartiennent désormais au passé.
Pour utiliser la correction automatique luxembourgeoise, vous devez d’abord télécharger l’application populaire « AnySoftKeyboard ». Tous les liens ainsi que les instructions pour l’installation et la configuration de l’application peuvent être trouvés sur le site https://spellchecker.lu/autokorrektur-app/.
À propos de Spellchecker.lu
Spellchecker.lu accompagne beaucoup de gens qui écrivent en luxembourgeois au quotidien. Chaque jour, le site compte environ 1.600 visiteurs qui corrigent plus de 90.000 mots. Outre la possibilité de corriger les textes en ligne, il y a également différentes applications téléchargeables ainsi que des applications pour iOS et Android.
Comments are closed