
Wisou Google Translate op Lëtzebuergesch esou wichteg ass
Zanter gëschter Owend ass den Iwwersetzungsprogramm Google Translate och fir Lëtzebuergesch disponibel. Erwaart hat ech mer relativ wéineg, dofir sinn ech ëm sou méi iwwerrascht, wat deen Tool kann. Verstitt mech net falsch: déi Texter déi erauskomme si wäit vu perfekt, an awer kann esou eng Applikatioun ganz praktesch sinn.
Et muss engem dobäi natierlech ëmmer bewosst sinn, dass et sech just ëm eng automatesch Iwwersetzung handelt, an do sinn d’Resultater bei anere Sproochen net besser. Dofir och meng niddreg Erwaardungshaltung.
Quasi onbrauchbar ass d’Iwwersetzung vu friemsproochegen Texter op Lëtzebuergesch. Hei mécht den Iwwersetzer eng Wuert-fir-Wuert-Iwwersetzung ouni op de Sazbau opzepassen. Vill Wierder ginn och nach net erkannt, a just heefeg kleng Sätz wéi “How are you” an “I love you” gi passend iwwersat. Doduerch dass d’Benotzer selwer kënnen alternativ Iwwersetzunge virschloe gëtt de Volume vu Wierder déi richteg iwwersat ginn an Zukunft awer sécher nach erop. Erstaunlech ass awer elo schonn dass de gros vun de Wierder déi erauskomme korrekt geschriwwen ass, wéi gesot ouni korrekte Sazbau, awer mat korrekter Orthographie.
Op där anerer Säit geet d’Iwwersetzung vu lëtzebuergeschen Texter op Englesch erstaunlech gutt. Och hei dierf ee sech net ze vill erwaarden, awer den Text deen erauskënnt ass gréisstendeels verständlech an erméiglecht et doduerch Leit, déi kee Lëtzebuergesch kënnen, fir lëtzebuergesch Internetsäiten oder aner Texter ze verstoen. An dat mécht déi Ukënnegung vu Google esou ee groussen a wichtege Schrëtt. Sief et een deen hei wunnt an nach kee Lëtzebuergesch kann, een dee sech iwwerleet op Lëtzebuerg ze plënneren, eng Persoun déi Famill zu Lëtzebuerg huet, oder een dee sech einfach esou fir Lëtzebuerg interesséiert: All dës Leit kréien elo d’Méiglechkeet, ze verstoe wat esou zu Lëtzebuerg lass ass, op deenen Plaze wou just Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt: Vun der klenger Foto-Communautéit bis bei dat grousst Noriichteportal.
Google als Sich-Maschinn wäert dës Iwwersetzunge sécher och op anere Plaze benotzen, wou ee vläit net direkt drun denkt. Ech erwaarde mer als en nächste Schrëtt, dass ee bei der Sich ka “Lëtzebuergesch” als Zilsprooch auswielen, an dass een da mat lëtzebuergesche Sichbegrëffer och méi prägnant Sichresultater kritt, eben doduerch dass d’Google-Maschinne Lëtzebuergesch “verstinn”. Méi negativ wäert d’Auswierkung op d’Reklamme sinn déi Google uweist. Duerch säin Iwwersetzungsprogramm versteet Google elo méi genee wat ee fir Lëtzebuergesch Sichbegrëffer op Lëtzebuergesch agëtt, a kann dorops hin da méi passend Reklammen uweisen. Bei deene meeschte Leit wäert den Undeel u Lëtzebuergesche Sichbegrëffer awer wuel méi kleng, an den Effekt dovunner dann och manner spierbar sinn.
Den RTL war haut iwwregens bei Lightbulb (der Firma déi ech mat gegrënnt hunn) op Besuch, an huet mech do als Entwéckler vu Spellchecker.lu och ëm meng Meenung gefrot. Den Interview fannt der hei: http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3055281.html
– Michel Weimerskirch
Comments are closed